|
|
|
 | Moien ech sin LANCKOHR Jasmine, hun 22 Joer an wunnen an der Gemeng Käerch. Seit dem 1. September 2010 schaffen ech am Regionalen Jugendhaus Stengefort an sin Responsabel iwwert Käercher an Simmer Jugendhaus. | Hei e puer Infos, wat iwwerhaapt e Jugendhaus sou ass…… E Jugendhaus waert deenen Meeschten vun iech e Begrëff sinn. Elo stellt sech natiirlech d’Fro waat leeft dann esou genau an engem Jugendhaus? Déi meeschten Leit géifen äntferen: „An engem Jugendhaus ass een Erzéier deen mat den Jonken Kicker oder Billard spillt.“ Daat ass zum Deel richteg. D´Jugendhaus bidd den Jugendlëchen zwëscht 12 an 26 Joër d´Méiglechkeet, sëch an engem professionnell encadréierten an agreablen Kader ze treffen an vum Ugebuet am Haus ze profitéieren: -
Billard, Kicker, Darts, Internet, Spill-Konsolen -
Kichen mat non-alkoholescher Bar -
Een Büro wou een kann fir d´Schoul schaffen -
Verschidden Aktivitéiten am Haus an außerhalb (Fussballtournoi, Quiz-, Filmowend, etc.) Ausserdeem huet een am Jugendhaus d´Méiglechkeet, eng perséinlech Hëllefstellung ze kréien, ob daat fir Hausaufgaben ass, oder ob et sëch ëm Informatiounen iwwert Schoul- oder Beruffs-Carrière handelt (z.B. wéi schreiwen ech een Curriculum Vitae, etc….). D´Erzéier stinn och den Jugendlechen bäi, bei den verschiddensten Erausfuerderungen déi si während hiirem Lierwenswee waerten treffen. D´Ziel vum Jugendhaus ass et dobäi, préventiv mat den Jugendlechen ze schaffen, woubäi sëch „preventiv“ op esou ennerschiddlech Beräicher bezitt wéi Gewalt-, Vandalismus-, Drogen-, an Aidspreventioun. All Jugendlëchen deen sëch am Jugendhaus engagéieren wëll, ass wëllkomm. Den Engagement am Jugendhaus kann verschidden Formen hun. Déi „hëcksten“ Form, ass dat 2 Jugendlecher alleng d’Jugendhaus opmaachen kënnen. Dofir mussen sie den 1.Zyklus vun der Formatioun (3 Weekender, 1 Formatiounswoch an een Stage vun 10 Deeg) gemaach hun. Ech geng mech perseinlech iwwert all nei Jugendlecher teschend 12 an 26 Joer freen, dei eemol an eent vun deenen zwee Jugendhäiser moien soen keimen.
|
|
Jugendhaus - Aktivitéitsplang
|
Top
|
| Abrëll 2012 -
Sportswochen 1. Woch: 03.04.-06.04.2012 2. Woch: 10.04.-03.04.2012 Wou?: Käerch Sportshal Program > weider Infos fand dier an deenen verschiddenen Jugendhäiser | | Mai 2012 > weider Infos fand dier an deenen verschiddenen Jugendhäiser |
|
|
Öffnungszäiten
Jugendhaus Simmer 6, um Wäschbuer L-8395 Septfontaines tel.: 26 10 21 37 contact | Méin: Dën: | 15 - 20 Auer 15 - 20 Auer | **** Jugendhaus Käerch 7, rue de l'école L-8358 Goeblange contact | Mëtt: Donn: Frei: | 15 - 20 Auer 15 - 20 Auer 15 - 22 Auer | **** Jugendhaus Stengefort 17, rue de Hobscheid L-8422 Steinfort tel.: 26 10 82 95 contact | Dën: Mëtt: Donn: Frei: Sam: | 14 - 19 Auer 15 - 20 Auer 14 - 19 Auer 16 - 22 Auer 14 - 18 Auer |
|